Association Nationale des Etudiants Ingénieurs Luxembourgeois

ANEIL

Wat ass d'ANEIL?

D‘Association Nationale des Étudiants Ingénieurs Luxembourgeois, gegrënnt 1958, ass den eenzege Veräin, deen d‘Interesse vum lëtzebuerger Ingenieursstudent vertrëtt. D‘ANEIL representéiert 200-250 Studenten, déi gréisstendeels Maschinnebau, Bauingenieur, Chimie, Biologie, Physik, Elektrotechnik, Informatik, Mathematik an Architektur studéieren an dat a ganz Europa, virun allem an Däitschland an an der Schwäiz awer och an der Belsch, Frankräich, Éisterräich an England.

Wat hunn ech vun der ANEIL?

Als Schüler vun der 2e/1re oder 12e/13e kriss de vun eis Informatiounen iwwert den Ingenieursstudium a -beruff. Déi richteg Informatioun ass nämlech immens wichteg. All Joer wiesselt ee gudde Strapp Studenten d’Fachrichtung oder hält ganz op mat studéiere well se réischt ze spéit erkenne wéi ee Studiegang fir si dee richtegen ass. Do hëllefe mir gäre mat eisen eegenen Erfahrunge weider, schliisslech geet et net dorëms ween am längste studéiert. Och wann d’Studieplatz zweetrangeg ass, gëtt d’ANEIL Tipps fir de Choix vun där richteger Uni oder Héichschoul ze vereinfachen. Mir organiséieren dofir iwwert d‘Joer verdeelt eng Rei Schoulaktiounen, wou mir a verschiddene Lycéeën dech als Schüler direkt informéieren, an och op der Foire de l‘Étudiant hu mir eisen traditionelle grousse Stand. Mir vermëttelen dech och gären un ee vun eise Memberen, dee grad an dem entspriechende Studium stécht.

Als Ingenieursstudent kanns du un eise Visite bei lëtzebuergesche Firmen deelhuele fir der en éischt Bild vun der Praxis ze maachen, a fir Studente vun aneren Héichschoulen ze begéinen. Am Hierscht organiséiere mir all Joer eng Rees vun e puer Deeg an d‘Ausland, wou mir eise Memberen d‘Méiglechkeet ginn, bei enger Visite mat souwuel techneschem wéi och kulturellem Inhalt eng Stad oder Regioun kennenzeléiren. Di läscht Jore ware mir z.Bsp. zu Barcelona, Dublin, Prag, Hamburg, Mailand, Ostküst vun den USA an am Ruhrgebiet. Véier mol am Joer kriss du eis Zäitschrëft, de bulli, op deng Lëtzebuerger Adress geschéckt a mir leeden der all Job- a Stageoffer déi mer vun den de Firme kréien un deng Email Adress weider. Net ze vergiessen ass eise Fräibéier wou sech eemol am Joer bis zu 100 Ingenieursstudenten treffen a sech amuséieren.

Nom Diplom hues du duerch déng Visite mat der ANEIL een differenzéiert Bild vun dénge Méiglechkeeten als Ingenieur zu Lëtzebuerg. Eis Table Ronde op Karfreideg bitt eng gutt Geleeënheet, an engem ongezwongene Kader mat de Personalcheffe vun deene wichtegste lëtzebuerger Entreprisë Kontakt opzehuelen an eventuell en éischte Rendezvous ze fixéieren.

Weider Informatiounen fannt dir op der Homepage vun der ANEIL oder schreift eis op contact@aneil.lu.

Close Menu